Diddeleng bleift den Ament däitlech hannert den Erwaardungen zeréck an huet no 17 Spilldeeg nëmme 6 Victoiren um Kont.

Aus dem nationalen Härebasket ass et d‘Nouvelle, datt den Tom Schumacher neie Coach vum T71 Diddeleng gëtt. Hien iwwerhëlt zesumme mam Jeff Wampach dëse Posten an ersetzt den Denis Toroman.

"Et ass eng Decisioun, déi eis immens schwéier gefall ass, well mir hien als Mënch immens appreciéiert hunn. Säi Basketball Know-How ass net ze bezweifelen. Vun Ufank u war hien och dee Mann wou mir geduecht hunn, datt hien eis den Ëmbroch ka garantéieren. No engem X. Match dee mir ganz schlecht gespillt hunn an der Fiels, hu mir awer decidéiert eppes do ze änneren. Dat hu mir gemaach, an de Jeff Wampach an den Tom Schumacher do als Duo amplaz gesat", esou de Marcel Wagner, President vum T71.

Den Tom Schumacher hat no der leschter Saison seng Schong als Spiller un den Nol gehaangen.