D'Finalle vun der Coupe gi wéi geplangt den 12. Mäerz gespillt

© RTL-Archivbild
D'Halleffinalle gi vum éischte Weekend am Februar op den 9. an den 10. Mäerz geluecht.
D'Coupe-Finallen am nationale Basket gi wéi geplangt den 12. Mäerz an der Coque gespillt, dëst huet d'FLBB en Dënschdeg annoncéiert.
D'Halleffinalle gi vum éischte Weekend am Februar op den 9. an den 10. Mäerz geluecht, deemno gëtt banne 4 Deeg ee sougenannte Final 4 gespillt, änlech wéi een dat aus dem Handball kennt.
All d'Matcher ginn an der Arena vun der Coque gespillt.
Hei den offiziellen Programme vun der FLBB:
Games on Wednesday, March 9:
Amicale Steinsel – T71 Dudelange
Arantia Larochette – Etzella
Games on Thursday, March 10:
Basket Esch – Résidence Walfer
Basket Esch – Telstar Hesperange
Games on Friday, March 11 (cup FLBB finals)
AS Zolwer – Telstar/Racing (women)
Black Frogs Schieren – East Side Pirates (men)
Games on Saturday, March 12
BASCOL final
Cup final women
Cup final men