E Freideg den Owend goufen d'Halleffinalle vun der Handball-Europameeschterschaft gespillt.

Den Titelverdeedeger Spuenien huet e Freideg den Owend bei der Handball-EM d'Finall erreecht. D'Spuenier hunn de Weltmeeschter Dänemark an der Halleffinall mat 29:25 (13:14) geklappt an hunn elo e Sonndeg an der Finall d'Chance, sech fir d'drëtte Kéier noeneen EM-Gold ze sécheren.

Viru 7.286 Spectateuren am MVM Dome zu Budapest huet den Aleix Gomez Abello déi meescht Goler (11) markéiert. Fir d'Dänen, déi zanter 2012 op een EM-Titel waarden, huet den Toppstar Mikkel Hansen (8 Goler) am heefegste getraff.

An der Finall e Sonndeg den Owend um 18 Auer kritt den Titelverdeedeger et mat Schweden ze dinn. De Vizeweltmeeschter huet mat 34:33 (17:14) géint den Olympiagewënner Frankräich gewonnen. De Jim Gottfridsson huet op der Säit vu Schweden déi meescht Goler geschoss (9). Fir Frankräich huet den Hugo Descat aachtmol getraff. D'Skandinavier hunn e Sonndeg d'Chance op deen éischten Titel zanter 20 Joer.

E Sonndeg um 15.30 Auer spille Frankräich an Dänemark ëm Bronze.

Virun den Halleffinallen hat sech Norwegen déi fënneft Plaz geséchert. An der Verlängerung huet ee sech mat enger 34:33-Victoire (27:27, 16:12) géint Island behaapt. Norwegen ass domadder och fir d'WM 2023 qualifizéiert.