Fir déi Bierchemer ass de Raphael Guden mat sengem Gol 5 Sekonne viru Schluss zum Matchwinner avancéiert.

Um Weekend sinn am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Hären d'Matcher vum Titel-Playoff gespillt ginn a bei den Damme war et den 13. Spilldag. Och an der Relegatioun bei den Häre gouf gespillt.

Härenhandball

Titelgrupp

Am Spëtzematch vum 4. Spilldag bei den Hären hat Esch e Samschdeg Owend Besuch vu Bierchem. An et war an der Ufanksphas och d'Ekipp aus dem Réiserbann, déi besser an de Match komm ass a sech mat 4:6 no gutt 15 Minutte konnt ofsetzen. D'Reaktioun vun de Lallenger huet awer net ob sech waarde gelooss. Ënnert dem Impuls vum Christian Bock konnt Esch de Match dréinen an ass mat 3 Goler Avantage (14:11) an d'Paus gaangen. 5 Minutte virun Schluss louch Esch nach ëmmer mat 2 Goler vir. 1 Minutt virun Enn vum Match stoung et du 26:26. An enger immens hektescher Schlussphas huet 5 Sekonne virun Enn de Raphael Guden de 27:26 fir Bierchem geschoss. Bierchem gewënnt mat 27:26 zu Esch.

Tëscht Käerjeng an Diddeleng sollt et an der 1. Hallschent hin an hier goen. Ofsetze konnt sech keng Ekipp, sou dass et mat 14:14 an d'Paus gaangen ass. Nom Säitewiessel ass et esou änlech weider gaangen. D'Lokalekipp hat an de Schlussminutten de längeren Otem, sou dass sech Käerjeng mat 29:27 géint Diddeleng duerchsetzt.

Donieft huet Déifferdeng e Sonndeg Owend mat 34:28 zu Miersch gewonnen.

Spillplang Hären

Relegatioun

E Sonndeg Owend huet sech Bartreng souverän mat 29:17 géint Bieles duerchgesat.

Schëffleng
hat um Samschdeg Owend keng Problemer mat Réiden an huet sech no 60 Minutten an eegener Hal mat 42:18 (19:9) duerchgesat.

Iwwerdeems hat de Standard Besuch vun Dikrech. Louchë béid Ekippen an der Paus mat just 1 Gol auserneen (17:16), sou huet sech de Standard am Laf vun der 2. Hallschent Schrëtt fir Schrëtt ëmmer weider vum CHEV ofgesat. De Standard gewënnt an eegener Hal mat 33:24 géint Dikrech.

Opgrond vun ze ville Corona Positiver beim HB Péiteng huet de Match vu Rëmeleng géint Péiteng missen ofgesot ginn.

Relegatioun

Dammenhandball

E serréierte Match hunn d'Spectateuren zu Déifferdeng erlieft. Am Match tëscht den Damme vun de Red Boys géint Käerjeng huet d'Lokalekipp iwwerraschend laang matgehalen an de Match oppe gehalen. Fir d'Iwwerraschung sollt et awer net duergoen, sou dass Déifferdeng doheem mat 23:27 géint Käerjeng de Kierzeren zitt.

Eng kloer Saach war et dann tëscht dem HC Standard an dem HB Dideleng. D'Lokalekipp hat iwwerhaapt näischt ze radetten a verléiert um Enn däitlech mat 10:35 géint den HBD. Diddeleng a Käerjeng stinn also weider punktgläich un der Spëtzt vun der Tabell.

Eng kloer Defaite ass et an eegener Hal fir d'Damme vum HB Bieles ginn. Géint de Museldall ass et eng 9:39-Néierlag ginn.

Am leschte Match vum Owend hunn d'Damme vun Esch eng 18:29-Néierlag géint de Chev Dikrech missen astiechen.

Spillplang Dammen