Dänemark huet sech donieft an enger serréierte Partie géint Frankräich déi drëtt Plaz geséchert.

An der Finall vun der Handball-Europameeschterschaft huet sech Schweden a leschter Sekonn mat 27:26 géint Spuenien duerchgesat. Den Handball-Krimi gouf vun engem 7 Meter vum Niclas Ekberg entscheet.

An der éischter Hallschent si béid Ekippe gutt an de Match komm. An den éischten 10 Minutten hat Schweden liicht Virdeeler a war beim 5:3 a 6:4 zwee Goler vir. Spuenien ass awer dru bliwwen, soudass et no enger Véierelsstonn 6:6 gläich stoung. De schwedesche Golkipp huet de spueneschen Ugrëff mat flotte Paraden a Schach gehalen. An enger animéierter Partie ass et awer equilibréiert weidergaangen, d'Spuenier konnte sech bis zur Paus en Avantage vun engem Gol (13:12) erausspillen.

Och nom Säitewiessel ware béid Ekippen äiskal virum Gol an hunn hir Chancen weiderhi gutt genotzt. D'Spannung war permanent héich well sech weder d'Skandinavier nach d'Spuenier entscheedend ofsetze konnten. No ronn 45 Minutte waren et erëm d'Schweden déi beim 22:21 mat engem Gol virlouchen. D'Schwede sinn bis kuerz viru Schluss ee bis zwee Goler am Avantage bliwwen. Zwou Minutte viru Schluss ass Spuenien beim 26:26 nach emol erukomm. Schweden ass a Ballbesëtz komm a krut e 7 Meter zougesprach kuerz éier d'Spillzäit ofgelaf war. De Niclas Ekberg huet sech déi Chance net huele gelooss an huet seng Ekipp zum Titel geworf.

Schweden ass fir d'éischte Kéier säit 2002 Europameeschter. Spuenien huet iwwerdeems den drëtten Titel hannerteneen verpasst.

Frankräich an Dänemark hu sech donieft eng spannend a serréiert Partie em Bronzemedail geliwwert. No 60 Minutte stoung et 29:29 gläich an et ass an d'Verlängerung gaangen. D'Skandinavier hate méi e laangen Otem a konnte sech um Enn mat 35:32 behaapten.