Basketball
Kloer Victoire fir d'Fiels beim AB Contern

© Shari Schenten
Um Sonndeg war bei den Hären den Optakt vum 20. Spilldag an der LBBL.
Zu Conter gouf et fir d'Heemekipp eng 74:91-Defaite (24:25, 23:13, 15:25, 12:28) géint d'Fiels. Am éischte Véierel war d'Partie ausgeglach an d'Gäscht louche beim 25:24 just ee Punkt vir. Conter war am 2. Véierel méi staark an ass mat enger 47:38-Féierung an d'Paus gaangen. D'Fiels ass wéi ausgewiesselt aus der Paus komm an huet sech lues a lues erëm erugekämpft. Am leschte Véierel ass dem AB Contern d'Loft ausgaangen, soudass sech d'Fiels um Enn kloer duerchsetze konnt.
Um 20:30 Auer ass nach de Match tëschent Hesper an der Etzella vun Ettelbréck.
Resultater Hären
Am meeschte gelies