An engem Frëndschaftsmatch géint d'Belsch gouf et fir d'Lëtzebuerger Special Olympics-Ekipp eng Victoire.

Zanter November 2019 hunn d’Special Olympics missen drop waarden fir nees e Match ze spillen, ma dësen Weekend war et endlech nees esou wäit. An engem Frëndschaftsmatch hu si e Samschdeg géint Belsch gespillt. Eng wichteg Partie fir nees un d’Rullen ze kommen, well 2023 stinn d'Weltspiller zu Berlin um Programm.

D'Lëtzebuerger Ekipp vun den Special Olympics wäerten do als Unified Ekipp optrieden. Dat heescht, dass an enger Ekipp 3 Athleten sinn, also Spiller mat enger geeschtlecher Behënnerung an 2 Partner, déi keng Behënnerung hunn. Een dovunner ass den Pit Zahlen:

"Meng Aufgab ass et den Athleten um Terrain ze hëllefen. Dat heescht de Rebound huelen oder de Ball no vir bréngen. Mir als Partner suergen awer och dofir, dass si net d'Gefill hunn, eleng ze sinn."

Fir den Trainer Marco Rock, deen zanter 2014 Coach vun der Unified Special Olympics Basket-Ekipp ass, war et wichteg, endlech nees Matcher kënnen ze spillen:

"D’Spiller sinn alleguer motivéiert. Et ass Zäit ginn, dass mir endlech nees spille konnten. Mir mussen awer Holz upaken, dass et esou bléift, well wa mir am Rehazenter trainéiert hätten, da wier dat schonn net méi méiglech gewiescht. Mir sinn den Ament zu Fréiseng, wou mir eng richteg flott Hal hunn an dofir soe mir e grousse Merci un d'Gemeng Fréiseng."

De Marco Rock huet 15 Spiller an sengem Kader. Déi hunn an dëser Partie géint d'Belsch flott Spillzich gewisen an esou louchen si och relativ séier am Avantage. De System an d'Lafweeër kënnen allerdéngs nëmmen eemol an der Woch trainéiert ginn.

"Dat geet, mengen ech, och nach net duer. Mir hunn zwar schonn Progrèsen gemaach, mee et feelt awer nach ganz vill bis mir op Weltspiller zu Berlin ginn."

D’Leeschtung an dësem Match ass awer duergaangen fir um Enn mat 46 op 34 géint d'Belsch ze gewannen. D'Freed war no dësem Succès bei de Spiller natierlech grouss. Och beim Alex Teixeira Badois:

"Ech si stolz. Mir hu gutt gespillt. Och wann mir Feeler dran haten, hu mir eis Bescht ginn an et war en super Dag fir eis.»

2019 gouf et bei den World Games zu Abu Dhabi Bronze Medail. Wéi eng Faarf et zu Berlin gëtt, gesinn mir dann nächst Joer.