Een Handballspiller, deen hei zu Lëtzebuerg opgewuess an an engem Club forméiert gouf an et bis op d'Europameeschterschaft packt, ass net alldeeglech.

Den Ariel Pietrasik, dee beim HC Bierchem den Handball-ABC geléiert huet, war lo déi lescht zwou Woche mat Polen op der EM an Ungarn an an der Slowakei dobäi a krut mat sengen 22 Joer och scho genuch Spillzäit.

Ariel Pietrasik fir Polen op der Handball-EM / Reportage Franky Hippert (1)

A 5 Matcher stoung den Ariel Pietrasik am ganze 96 Minutten um Terrain, ënnert anerem och géint de spéideren Europameeschter Schweden. An der éischter Ronn vun der Europameeschterschaft krut den 2 Meter 2 grousse Réckraumspiller et och mat Däitschland ze dinn. Op esou enger EM huet een als jonke Spiller bei senger Première op eemol e lauter Leit op där anerer Säit vum Terrain stoen, déi ee just vun der Tëlee kennt, dozou den Ariel Pietrasik:

Jo fir mech ass dat scho mega gewiescht, op eemol géint si ze spillen. Op eemol muss de 1 géint 1 géint si goen. Géint e Wiencek ass dat och e bëssen eppes anescht, wéi an der Schwäiz oder zu Lëtzebuerg.

Bis d'lescht Saison huet den 22 Joer jonke Pietrasik nach beim HC Bierchem gespillt, dem Veräin an deem hien och ausgebilt gouf. U sech hätt de Spiller mat de polneschen Originnen och kënne fir d'Lëtzebuerger Handballnationalekipp spillen:

Fir mech ass de Choix gefall, fir éischter fir déi polnesch Nationalekipp ze spille wéi déi Lëtzebuerger, well meng 2 Eltere kommen aus Polen a mat Polen hues de eben éischter d'Chance eng EM oder eng WM ze spille wéi mat Lëtzebuerg. Dat war u sech den ausschlaggebende Punkt.

Zanter dëser Saison spillt den Ariel Pietrasik mat engem Profikontrakt bei Sankt Otmar Sankt Gallen an der Schwäiz. Niewebäi mécht de fréiere Spiller aus dem Réiserbann awer och nach e Fernstudium. No senge 6 Goler an deene 5 Matcher mat enger Trefferquote vu 60 Prozent, an och enger staarker Leeschtung an der Defense, verwonnert et net, datt an de leschten Deeg den Telefon vum Manager vum groussgewuessene Réckraumspiller waarm gelaf ass.

Ariel Pietrasik op der Handball-EM / Reportage Franky Hippert (2)
RTL

© AFP