Handball-Championnat
Diddeleng bleift um Spëtzenduo drun

© AFP (Archiv)
Den HBD huet sech knapp mat 32:30 géint Bierchem duerchgesat.
An der Axa League bei den Hären ass e Mëttwoch den Owend déi lescht Partie vun der 2. Ronn gespillt ginn. Wärend de 60 Minutten huet d'Féierung tëscht Diddeleng a Bierchem ëmmer nees gewiesselt. Um Enn hat den HBD d'Nues vir an huet sech mat 32:30 (15:17) behaapt.
Duerch dës Victoire steet Diddeleng um Enn vun dëser Ronn op der 3. Plaz an der Tabell an huet dräi Punkte Retard op d'Red Boys an Esch un der Spëtzt.
No der 2. Ronn geet et elo mam Titel-Playoff weider. Hei gëtt nach emol een Allers- an ee Retourmatch gespillt.
D'Tabell am Iwwerbléck
Am meeschte gelies