E Samschdeg den Owend spillt de Lëtzebuerger Champion virun den eegene Spectateure géint Pilzen.

Am Handball steet e Samschdeg den Owend fir den Handball Esch e weideren internationale Rendez-vous um Programm. De Lëtzebuerger Champion ass nämlech an der Aachtelsfinall vum EHF-European-Cup am Asaz.

Virschau EHF-European-Cup / Reportage Gilles Tricca

De Start an d’Joer 2022 ass net optimal gewiescht fir den Handball Esch. Um nationale Plang gouf et nämlech eng Néierlag an e Gläichspill an dofir ginn déi Escher mat gemëschte Gefiller an d’Partie géint Pilzen. De Champion aus der Tschechescher Republik ass dann och de Favorit, esou de Sacha Pulli.

"Mir spillen awer do géint den tschechesche Champion, dat awer schonn e wierklech héijen Niveau ass. Mir probéieren, dee Match beschtméiglech ze preparéieren an dann doheem emol e gutt Resultat ze maachen. An da kucke mir weider."

Vum géignereschen Handball-Stil huet de routinéierten Escher sech och schonn e Bild gemaach.

"Ech mengen et ass schnellen Handball, eng gutt Verteidegung, schnell no vir, sou bëssen den typeschen tschechesche Champion. Voilà do gëllt et sech elo gutt ze preparéieren, well dat gëtt een haarde Match."

Déi Escher waren an de leschten Woche mat vereenzelte Blessure geplot a virun allem ass hire Buteur de Martin Muller nach ëmmer net op 100 Prozent. Dofir ass et wichteg, datt déi Escher e Samschdeg ganz zolidd an der Defense sinn. Do ass ee Mann ganz wichteg, de Julien Kohn. Wann déi defensiv Solidaritéit stëmmt, dann ass den Escher Kreesleefer der Meenung, datt seng Ekipp net ouni Chance ass.

"Jo ech menge géint d'Norweger hat een och scho gemengt mir hätte keng Chance a mir hunn et awer gemaach. Vun do hier, ech invitéieren d'Leit nëmmen, an d'Hal kucken ze kommen. Ech mengen zu Esch ass ëmmer alles dran. Et ass natierlech e gudde Géigner. Mir wäerten eis gutt preparéieren a wie weess, et ass ëmmer eng Chance do."

Den Allersmatch ass e Samschdeg um 19.30 Auer an der Lallenger Sportshal. De Retourmatch ass eréischt an enger Woch, sonndes den 20. Februar an der Tschechescher Republik.