Den T71 huet um leschte Spilldag nach d'Chance op de Playoff. Contern huet e Réckschlag erlidden, dat duerch eng Néierlag bei der Etzella. 

Bei den Hären ass et op dësem Weekend deen zweetleschte Spilldag virum Titel-Playoff. Den Optakt huet e Freideg Walfer a Racing gemaach. Hei konnt sech d'Residence mat 105:90 behaapten.

Eng wichteg Victoire ëm de Kampf ëm déi 8. Plaz huet Diddeleng doheem géint den direkte Konkurrent vu Steesel agefuer. Virun allem an der 1. Hallschent war kee Kraut gewuess géint d'Ekipp aus der Forge du Sud. Ënnert dem Impuls vum Joe Kalmes, deen um Enn op 26 Punkte kënnt, sinn d'Diddelenger mat engem Virsprong vun 22 Punkten an d'Paus gaangen. Um Enn steet eng kloer 84:66 (24:14, 21:13, 19:26, 20:13) Victoire um Spillbou.

D'Musel Pikes bleiwen duerch 82:77 (17:20, 25:15, 20:21, 20:21) d'Victoire géint den Telstar och nach weider am Renne fir déi 8. Plaz. Um leschte Spilldag kréie si et am direkten Duell mat Contern ze dinn.

Contern hat sengersäits keng ze radetten zu Ettelbréck. War de Match am 1. Véierel nach ausgeglach, huet d'Etzella am 2. Véierel opgedréint an esou de Grondstee fir d'100:86 (31:26, 29:16, 32:16, 10:28) Victoire geluecht.

Tëscht der Arantia Fiels an der US Hiefenech ass et iwwer déi 40 Minutten hin an hier gaangen. Mol louch d'Fiels, mol Hiefenech a Féierung. Um Ufank vum leschte Véierel ass et der Fiels dunn ënnert dem Impuls vum Duane Alexander Johnson gelongen, fort ze zéien an huet sech e maximale Virsprong vun 11 Punkten erausgespillt. D'Arantia klappt Hiefenech no 40 Minutte mat 87:77 (20:20, 13:17, 21:15, 33:25)

An engem ausgeglachene Match huet sech am fréien Nomëtteg um Enn d'Sparta vu Bartreng no engem fulminante leschte Véierel géint Esch duerchgesat. Bei der Sparta war de Yannick Verbeelen Topscorer mat 22 Punkten. Esch louch de ganze Match quasi a Féierung, éier d'Sparta am leschte Quarter opgedréint huet. Esch verléiert deemno mat 87:91 (23:23, 22:21, 23:19, 19:28) géint Bartreng.

Resultater Hären

Den Iwwerbléck vun den Dammen

Fir de Kont vum 2. Spilldag an der 2. Phas vun der Qualifikatioun bei den Damme stoung just ee Match um Programm. Nodeems sech um Freideg schonn den T71 an d'Residence iwwert 2 Punkte konnte freeën, hu sech um Samschdeg d'Pikes géint Steesel no Verlängerung duerchgesat.

E reegelrechte Krimi hunn d'Spectateuren op der Musel gebuede krut. Weder d'Pikes nach Steesel konnte sech no 40 Minutten duerchsetzen, sou dass et an d'Overtime huet misse goen. Hei war Mikayla Rose Ferenz net ze stoppen a séchert de Pikes um Enn eng 79:77 (20:21, 13:14, 19:23, 16:10, 11:9) Victoire.

Resultater Dammen 2. Tour