Walfer klappt de Racing mat 105:90

Bei den Dammen wënnt Walfer däitlech mat 109:63 géint Contern an Diddeleng zitt géint Ettelbréck de Kierzeren.
Beim Optakt vum 21. Spilldag huet sech de Racing mat 90:105 (22:24, 22:28, 19:28, 27:25) géint d'Residence Walfer misse geschloe ginn. De Walfer ass et gelongen d'Féierung kontinuéierlech auszebauen. Am leschte Véierel konnten se hiren Avantage halen a sou dëse Match gewannen. Bescht Scorer bei de Walfer waren den Dean Gindt mat 37 an den Alexander David Stein mat 34 Punkten.
Resultater Hären
Den Iwwerbléck vun den Dammen
Bei den Dammen konnt sech um 2. Spilldag vum 2. Tour d'Residence Walfer iwwerraschend däitlech mat 109:63 (30:20, 22:14, 28:11, 29:18) géint Contern duerchsetzen. Nodeems et schonn no der éischter Hallschent e Virsprong vun 18 Punkte gouf, huet Walfer déi Conter och no der Paus guer net an de Match komme gelooss an huet de Virsprong ëm weider 17 Punkten ausgebaut. Domadder war de Match dann och entscheet.
Den zweete Match war däitlech méi knapp wéi sech d'Etzella Ettelbréck mat 95:78 (18:23, 25:19, 24:21, 28:15) géint den T71 Diddeleng duerchsetze konnt. Et huet awer bis de leschte Véierel gedauert bis de Match entscheet gouf. Hei konnt Ettelbréck schlussendlech e méi groussen Ecart hierstellen an hu sech domadder d'Victoire och net méi huele gelooss.