Handball
Coupe-Véierelsfinall tëscht Esch a Käerjeng nees verluecht

© Val Wagner
Well den aktuelle Champion vun Esch mat véier positive Coronafäll ze kämpfen huet, hu si ugefrot, fir d'Partie vun e Mëttwoch den Owend ze verleeën.
Schonn an der Europacoupe konnten déi Escher wéinst dësem Problem net a Beschtbesetzung bei Pilsen untrieden. De Coupematch tëscht Esch a Käerjeg war schonn am Dezember verluecht ginn, well déi Escher an der Europacoupe gespillt hunn.
Aktuell steet nach net fest, wéini de Coupematch nogespillt gëtt. Eng Deadline gëtt et awer aktuell: D'Halleffinall, wou de Gewënner op den HB Diddeleng trëfft, ass fir den 19. Mee ugeluecht.
Am meeschte gelies