D’Red Boys mat enger souveräner Victoire géint Bierchem
Dem HB Käerjeng geléngt een dramatesche Comeback, wärend bei den Dammen de Museldall, Käerjeng an Diddeleng däitlech Victoirë feieren.
E Samschdeg den Owend war am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Hären den 1. Spilldag vum Titel-Playoff an den 10. Spilldag vum Relegatioun-Playoff. Bei den Damme war et och den 1. Spilldag vum Titel-Playoff an den Optakt vum 1. Spilldag vum Relegatioun-Playoff.
Härenhandball
Titelgrupp
Am Titelgrupp bei den Häre konnten sech d’Red Boys wéi erwaart géint den HC Bierchem duerchsetzen. Déi Déifferdenger ware scho mat enger komfortabeler Féierung vu 5 Goler an d’Halbzeit gaangen, déi si dunn och net méi hierginn hunn. Um Enn ass et mat 33:22 eng souverän Victoire fir d’Lokalekipp.
An der zweeter Partie tëscht dem HB Dideleng an dem HB Käerjeng kruten d’Spectateuren ee serréierten a spannende Match gebueden. No intensiven éischten 30 Minutten, an deene keng Ekipp sech ofsetze konnt, ass et mat 14:13 fir déi Diddelenger an d’Paus gaangen. Och dono war et weiderhin eng ausgeglache Partie, ma vun der 48. Spillminutt un huet d’Lokalekipp d’Féierung net méi aus der Hand ginn. Ronn 2 Minutte viru Schluss stoung et 30:27, ma Käerjeng huet sech net opginn an a leschter Sekonn duerch e Gol vum Lallemang ausgeglach, sou dass de Match mat 30:30 op en Enn gaangen ass.
Spillplang Hären
Relegatioun
Relegatioun Hären
Dammenhandball
Titelgrupp
Bei den Dammen ass et am Nomëtteg schonn zur Partie tëscht dem HB Museldall an dem Chev Dikrech komm. Hei louch d’Lokalekipp zur Paus scho mat 16:9 a Féierung an huet déi och bis zum Schluss nach weider ausgebaut, sou dass et um Enn 36:20 stoung.
Am zweete Match konnt den HB Käerjeng sech ouni Problemer mat 35:17 géint den HB Esch duerchsetzen. Och hei hat d’Lokalekipp an der Hallschent schonn eng Féierung vun 9 Goler, déi si dunn nach konnt verduebelen.
Och am leschte Match vum Titelgrupp huet de Favorit d’Partie fir sech entscheede kënnen. Hei huet den HB Dideleng mat 28:14 géint d’Red Boys Déifferdeng d’Iwwerhand behalen. An der Halbzeit haten d’Dammen aus der Forge du Sud eng Avance vu 4 Goler, déi si awer dunn nach däitlech konnten ausbauen.
Spillplang Dammen
Relegatioun