Déi Lëtzebuerger Handballfederatioun huet en Donneschdeg de Moie matgedeelt, datt d'Resultat vum Match Käerjeng-Diddeleng (29.1.22) nach net definitiv ass.

Well wärend dem Match tëscht dem HB Käerjeng an dem HB Diddeleng, den 29. Januar 2022, zäitweis ee falsche Score ugewise gi war an och e Gol vum HBD net affichéiert, respektiv gezielt gi war, haten déi Diddelenger Protest ageluecht.

De Protest war den 8. Februar an éischter Instanz (Tribunal Fédéral) verworf ginn. De Conseil d'Appel hat Diddeleng de 24. Februar Recht ginn an decidéiert, datt de Match muss frësch gespillt ginn.

Déi Käerjenger si mat dëser Decisioun net averstanen, esou datt si sech elo d'Recht huelen, fir d'Affär vun der CLAS (Commission luxembourgeoise d'arbitrage pour le sport) tranchéieren ze loossen.

Käerjeng hat de Match um 4. Spilldag vun der 2. Ronn mat 29:27 géint Diddeleng gewonnen.