Diddeleng behaapt sech mat 34:26 zu Miersch

© Archiv
No enger schwéierer Ufanksphas konnt den HB Diddeleng de Match nach u sech rappen an um Enn och fir sech entscheeden.
E Sonndeg den Owend war am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Hären den Ofschloss vum 2. Spilldag am Titel-Playoff.
Härenhandball
Titelgrupp
E Sonndeg den Owend huet sech den HB Diddeleng mat 34:26 zu Miersch behaapt. De bessere Start an de Match hat dobäi d'Lokalekipp, déi tëschenzäitlech e Virsprong vu bis zu fënnef Goler opweise konnt an deen och fir ronn 20 Minutte gehalen huet. No der Paus war et dann allerdéngs déi Diddelenger Ekipp déi de Match u sech gerappt huet an dësen dann och nach dréine konnt.
De Spëtzematch vum Samschdegowend tëscht dem HC Bierchem an dem HB Esch huet gehale wat e versprach huet. D’Spectateure kruten ee ganz spannenden a serréierte Match op Aenhéicht gebueden, an deem keng Ekipp sech konnt ofsetzen. Och wann déi Escher tëschenzäitlech 5 Goler Avance haten, ass d’Lokalekipp nees zréckkomm an hat ronn 7 Minutte viru Schluss nees ausgeglach. Dono ass et hin an hir gaangen an an der leschter Minutt konnt keng Ekipp méi e Gol markéieren, wouropshin de Match mat 29:29 op en Enn gaangen ass.
Fir den HB Käerjeng gouf et doheem géint d’Red Boys vun Déifferdeng näischt ze huelen. Schonn an der Paus louchen déi Déifferdenger komfortabel mat 20:13 a Féierung, sou dass si um Enn d’Partie souverän mat 37:29 fir sech entscheede konnten.
Spillplang Hären
Relegatioun
Relegatioun Hären
Dammenhandball
Titelgrupp
Zu Dikrech konnt d’Lokalekipp sech an enger ganz enker Partie mat 26:25 géint Diddeleng behaapten. De ganze Match iwwer louche béid Ekippe Kapp u Kapp, ma um Enn konnt de Chev Dikrech d’Féierung iwwer d’Zäit retten.
Am zweete Match vum Owend haten d’Red Boys doheem géint den HB Käerjeng keng Chance an hunn um Enn 20:31 verluer. An der Paus hat et nach 10:12 gestanen, ma an der zweeter Hallschent hunn di Käerjenger Dammen du kuerze Prozess mat de Red Boys gemaach.
Um leschte Match vum Owend ass et zum Duell tëscht dem HB Esch an dem HB Museldall komm, wat d’Visiteure fir sech entscheede konnten. Schonn zur Paus stoung et 7:14 aus Siicht vun den Escherinnen an dee Virsprong vu 7 Goler huet d’Ekipp aus dem Museldall sech bis zum Enn net méi huele gelooss, sou dass d’Partie 20:27 ausgaangen ass.
Spillplang Dammen
Relegatioun