E Mëttwoch den Owend war et am Basket d'Suite vun den Halleffinallen an der Coupe.

Hären

Nodeems sech bei den Hären en Dënschdeg d'Arantia Fiels déi éischt Plaz an der Finall séchere konnt, stoung e Mëttwoch den Owend déi zweet Halleffinall an der Coupe de Luxembourg um Programm.

Do huet sech de Basket Esch mat 76:74 (23:24, 19:23, 14:20, 20:7) géint den Telstar Hesper behaapt. No ausgeglachenen éischten 10 Minutten an der Coque war et och am zweete Véierel eng immens serréiert Partie mat zwou Ekippen op Aenhéicht. Sou ass et mat 47:22 aus der Siicht vun Hesper an d'Paus gaangen. Am drëtte Véierel war et dem Telstar da gelongen de klenge Virsprong weider auszebauen. Dës Avance ass am leschte Véierel dann awer ëmmer méi kleng ginn a gouf zwou Minutte viru Schluss da souguer egaliséiert, sou dass den Ausgang vun der Partie bis zum Enn komplett oppe war. Esch huet de Schwong aus dem leschte Véierel fir sech genotzt a sech sou nach d'Plaz an der Finall geséchert.

Dammen

Nodeems sech en Dënschdeg den Owend och bei den Damme schonn den T71 Diddeleng bei den Dammen an d'Fiels bei den Häre fir d'Finall vun der Coupe am Basket qualifizéiert hunn, sinn e Mëttwoch den Owend déi zwee aner Finaliste gesicht ginn.

Den Optakt am Gymnase vun der Coque hat e Mëttwoch de Match Basket Esch géint Résidence Walfer bei den Damme gemaach.  Walfer konnt sech um Enn knapp mat 68:61 (20:18, 15:19, 11:13, 22:11) géint Esch duerchsetzen. D'Decisioun an der Partie, an där sech béid Ekippe schwéier gedoen hunn, ass eréischt an de leschte Minutte gefall. Walfer konnt no engem klenge Laf sech déi Avance erausspillen. Wärend der Partie hat d'Féierung ëmmer nees gewiesselt. An der Paus louch Esch mat 37:35 a Féierung.

E Samschdeg gi béid Finalle gespillt. D'Matcher kënnt Dir live op RTL ZWEE an am Stream op RTL.lu kucken.

D'Resultater am Iwwerbléck

De Replay vun den Halleffinall-Matcher fannt Dir op RTL Play.

Hären