Der Fiels geléngt de grousse Coup a steet no 51 Joer nees an der Finall vun der Coupe. Bei den Damme qualifizéiert sech den T71 souverän fir d'Finall.

En Dënschdeg den Owend war am Gymnase vun der Coque den Optakt vun den 1/2-Finallen an der Coupe am Basket.
Bei den Hären geléngt der Fiels déi grouss Iwwerraschung a klappt no enger spannender Schlussphase d'Etzella mat 72:69 (29:17, 13:16, 12:20, 18:16). D'Arantia vu Fiels louch no 6 Minutte relativ séier mat 18:6 a Féierung. D'Etzella ass net an de Match komm an esou waren et Wilson a Co. déi den 1. Quarter mat 29:17 fir sech entscheede konnten.

Basket Halleffinalle Coupe/Reportage Rich Simon

Ënnert dem Impuls vun hire béid Amerikaner sinn d'Fielser och am 2. Véierel um Ball bliwwen a si mat 42:33 an d'Paus gaangen. Alexander Johnson an Daniel Sturdivant hunn eleng an der 1. Hallschent 32 vun deene ganzen 42 Punkte geschoss. Bei der Etzella huet virun allem d'Reussite ënnert dem Kuerf gefeelt.

D’Etzella ass mat engem 6:0 an den 3. Quarter gestart an de Match war nees ausgeglach. D’Fiels hat Schwieregkeeten, de Rhythmus erëmzefannen, an esou si Gutenkauf a Co mat nëmmen nach 1 Punkt Réckstand an de leschte Véierel gaangen. An der Schlussphas huet sech am Gymnase vun der Coque e reegelrechten Krimi entwéckelt. Mol louch d'Etzella a Féierung, mol d'Fiels. Den Derek Wilson huet mat 2 Fräiwërf fir d'Entscheedung gesuergt, an esou setzt sech d'Fiels mat 72:69 géint de Favorit vun Ettelbréck duerch.

E Mëttwoch den Owend spillen nach de Basket Esch an den Telstar Hesper géinteneen.

D'Amicale Steesel an den T71 Diddeleng stounge sech bei den Damme géintiwwer. Um Enn gouf et eng kloer 106:69-Victoire (29:22, 24:14, 26:16, 27:17) fir de Favorit Diddeleng. An der Paus louchen d'Nadia Mossong a Co scho mat 53:36 a Féierung.

E Mëttwoch den Owend decidéiert sech, mat wiem den T71 et e Samschdeg an der Finall ze di kritt. De Basket Esch spillt um 18h30 géint d'Résidence Walfer.

1/2-Finalle vun der Coupe kënnt Dir am Livestream mat Commentaire op RTL.lu kucken. D'Finalle ginn de Weekend op RTL ZWEE iwwerdroen.

Den Iwwerbléck vun de Coupe-Resultater

Hären

Dammen