Red Boys gewannen enke Match géint Diddeleng
Esch setzt sech kloer mat 32:26 géint Käerjeng duerch a Bierchem klappt Miersch. Bei den Damme behaapt Käerjeng d'Tabelleféierung virun Diddeleng.
E Samschdeg den Owend war am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Hären an den Dammen den drëtte Spilldag vum Playoff.
Härenhandball
Titelgrupp
De Spëtzematch vum drëtte Spilldag gouf zu Nidderkuer tëscht der Red Boys Déifferdeng an dem HB Diddeleng gespillt. D'Heemekipp war virum Match éischten an der Tabell a wollt d'Avance op de Verfolger Esch ausbauen. D'Red Boys hat méi schwéier ze kämpfe wéi an de leschte Matcher. Den Avantage huet stänneg gewiesselt. Déifferdeng hat am Damir Batinovic mat 9 Goler de beschte Buteur vum Match, op Diddelenger Säit war et de Josip Ilic, dee 7 Goler markéiere konnt. Um Schluss gewannen d'Red Boys mat 30:29 a bleiwen un der Tabellespëtzt.
Am net manner wichtege Match tëscht dem HB Esch an dem HB Käerjeng gouf et fir déi Escher eng kloer Victoire. Si gewannen um Schluss mat 32:26 a réckelen domat méi no un déi Déifferdenger erun. Op der Escher Säit war et eng gutt Ekippeleeschtung an d'Goler goufe vu ville verschiddene Spiller geschoss. Beim HBK warde Jacques Tironzelli mat 10 Goler de beschte Buteur. Käerjeng huet de Match och duerch déi vill Zäitstrofe verluer.
Eng iwwerraschend knapp Victoire gouf et fir den HC Bierchem am Heemmatch géint den HB Miersch. Bierchem konnt sech an dem ganze Match keng kloer Avance erausspillen, och well den Alexandros Vasilakis en exzellenten Dag erwëscht hat an eleng 13 Goler markéiert huet. Eréischt um Schluss konnt Bierchem de Sak zoumaachen a gewënnt mat 34:32.
Spillplang Hären
Relegatioun
Bieles verléiert kloer mat 16:31 géint de Chev Dikrech, de Standard gewënnt beim HB Museldall mat 43:26 a Péiteng wënnt mat 35:19 zu Réiden.
Um Mëttwoch hat Schëffleng sech scho mat 22:19 géint Dikrech duerchgesat a konnt wichteg Punkten am Kampf ëm den Opstig sammelen.
Relegatioun Hären
Dammenhandball
Titelgrupp
Bei den Damme ka sech den HB Diddeleng just knapp mat 23:22 géint den HB Museldall behaapten. Am Match tëscht dem Tabellenzweeten an dem Tabellendrëtte war et eng ganz spannend Partie am Centre René Hartmann. Den HBD konnt sech zäitweis eng Avance vu véier Goler erausspillen, d'Damme vum HBM sinn awer ëmmer dru bliwwen a konnten an der 47. Minutt eng éischt Kéier a Féierung goen. D'Joy Wirtz huet knapp 30 Sekonne virum Schluss den entscheedende Gol fir Diddeleng markéiert.
De Match tëscht dem Tabellenéischte Käerjeng an dem Chev Dikrech huet ganz iwwerraschend ugefaangen. D'Dikrecherinne louchen an der éischter Hallschent déi ganzen Zäit vir. Nom Säitewiessel huet Käerjeng sech awer erkritt an déi Dikrecherinnen hu just nach véier Goler an 30 Minutte geschoss, Käerjeng par conter der 15. Domat setzt sech den HBK um Schluss mat 28:19 géint Dikrech duerch.
Am Match tëscht der Red Boys Déifferdeng an dem HB Esch war et vun Ufank un eng kloer Saach. Déifferdeng louch séier mat 6:0 a Féierung an huet déi Avance kontinuéierlech ausgebaut. An der Paus stoung et 12:3. Déi zweet Hallschent war méi ausgeglach, um Schluss setze sech d'Red Boys kloer mat 23:11 duerch.
Spillplang Dammen
Relegatioun
Den HB Bieles gewënnt géint den HBC Schëffleng mat 24:14.
An der Relegatioun huet Réiden schonn e Freideg fir eng kleng Iwwerraschung gesuergt a mat 27:26 géint den HC Standard, eng Ekipp, déi am Ufank vun der Saison an der AXA League gespillt huet, gewonnen.