Nadine Bourg a Joé Biever

© RTL
D’Invitéen an eiser Sportemissioun um Radio um Sonndeg tëscht 19 an 20 Auer waren d'Nadine Bourg vun der Résidence Walfer an de Joé Biever vum Basket Esch.
Déi zwee si Kapitän vun hiren Ekippen an hunn e Samschdeg hir éischt Coupe gefeiert. Gefeiert gouf och nach laang bis an de Sonndeg eran, wéi déi zwee eis verroden hunn. Fir Walfer ass et déi éischt Coupe zanter 2009, déi 9. an der Veräinsgeschicht. D‘Résidence ass Rekordcoupegewënner bei den Dammen.
Bei den Häre war et déi éischt Coupe iwwerhaapt an der Geschicht vun der Ekipp aus der Minettemetropole. D‘Freed bei deenen zwee, no de Victoirë géint Diddeleng respektiv géint d‘Fiels an der Arena vun der Coque, an där et mat iwwer 3.000 Spectateuren och nees eng richteg flott Stëmmung gouf, war natierlech onbeschreiflech.
Souwuel d‘Nadine Bourg vun der Résidence, wéi och de Joé Biever vum Basket Esch hunn dës Saison nach e weidert grousst Zil, an zwar elo de Championstitel, an domat den Doublé ze feieren.