Esch bei den Hären a Walfer bei den Damme Coupe-Gewënner
Esch gewënnt mat 84:65 géint d'Arantia Fiels. Bei den Damme geléngt der Résidence Walfer eng grouss Iwwerraschung géint Diddeleng.
An der Härefinall vun der Coupe stounge sech e Samschdeg den Owend d’Arantia Fiels an de Basket Esch géintiwwer. Um Enn konnte sech d'Häre vun Esch iwwert déi éischt Victoire an der Veräinsgeschicht an der Coupe freeën.
Kuckt hei de Replay vun de Coupefinallen am Basket
Déi Fielser si schwéier an d’Partie komm, hate kee Worfgléck an déi Escher hunn direkt am éischte Véierel eng 8-Punkten-Avance erausgespillt, déi si an den zweeten zéng Minutten op 13 Punkten ausbaue konnten. An der Paus stoung et 46:33 fir déi Escher.
An der Mëtt vum drëtte Véierel war et eng entscheedend Phas vun der Partie. Déi Fielser wollte verkierzen, Esch huet se awer op Distanz gehalen. Um Schluss vum drëtte Véierel konnt d’Fiels sech méi no erukämpfen. Esch hat de Match zum groussen Deel kloer am Grëff. Am leschte Véierel huet Esch de Sak zougemaach a gewënnt um Schluss mat 84:65. Op der Escher Säit war de Clancy Rugg mat 27 Punkte beschte Scorer.
Walfer gewënnt d'Coupe bei den Dammen
D'Coupe bei den Damme geet an der Saison 2021/22 op Walfer. D'Résidence hat sech e Mëttwoch an der Halleffinall géint de Basket Esch duerchgesat, obwuel si net vill Spillerinnen op der Bänk sëtzen haten. Diddeleng hat sech par conter kloer géint d'Amicale Steesel behaapt.
An der Finall war et am éischte Véierel zimmlech ausgeglach, mee an den zweeten 10 Minutte konnt Walfer eng Avance vun néng Punkten erausspillen. No der Paus huet de Laf vun de Walfer Dammen ugehalen an den T71 huet 13 Punkte manner gescored wéi d'Résidence. Am leschte Véierel huet Diddeleng sech duerch eng méi staark Performance vum Nadia Mossong a Mandy Geniets nees erkritt a konnt sech bis kuerz virum Schluss op sechs Punkten erukämpfen. Um Schluss gewannen d'Walfer Damme mat 64:58 géint den T71.
Fir d'Résidence Walfer ass et den éischte Gewënn vun engem Titel no laanger Zäit.
No de Finallen ass et fir béid Ekippen un d'Feiere gaangen. Hei e puer Impressiounen.