Handball
Den Tommy Wirtz kënnt vum HG Saarlouis zeréck op Diddeleng
Wéi den HB Diddeleng matdeelt, spillt den Tommy Wirtz vun der Saison 2022/23 nees fir dee Veräin, bei deem hien d'Handballspille geléiert huet.
2019 war de Wirtz bei den HG Saarlouis gewiesselt, fir déi Saison drop an d'2. Bundesliga bei d'Rimparer Wölfe ze wiesselen. No just enger Saison war et awer de Retour op Saarlouis, fir dann elo awer nees beim HB Diddeleng e Kontrakt z'ënnerschreiwen.
Mat am Gepäck huet den Tommy Wirtz dann nach de Patrick Schulz. De gebiertege Magdeburger ass 2009 mat den DHB-Junioren Handball-Weltmeeschter ginn. Zanter 2014 war hie beim HG Saarlouis am Gol a gouf 2016 souguer zum "Saar-Handballer vum Joer" gewielt.
Am meeschte gelies