Bei den Hären gouf de Match tëschent Miersch a Red Boys Déifferdeng ofgesot.

Um Weekend war am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Hären de 4. Spilldag vum Titel-Playoff a vum 13. vum Relegatioun-Playoff, bei den Dammen war et de 4. Spilldag vum Titel-Playoff a vum Relegatioun-Playoff.

Härenhandball

Titelgrupp

An engem immens serréierte Spëtzematch um Samschdeg tëscht dem HB Dideleng an dem HB Esch kënnen d'Visiteure sech um Enn iwwer eng knapp 28:27-Victoire freeën. No 10 gespillte Minutte louchen d'Gäscht vun Esch mat 4 Goler am Réckstand, ma an der Hallschent waren et awer déi Diddelenger, déi engem Réckstand vu 5 Goler hannendru gelaf sinn (12:17). Am zweeten Duerchgang war d'Lokalekipp awer dunn iwwerleeën an hat ronn 20 Minutte viru Schluss nees ausgeglach. Vun do un ass et ëmmer rëm hin an hier gaangen, ma keng vu béiden Ekippe konnt sech bis zur 58. Minutt méi wéi ee Gol ofsetzen, wou den Agovic d'28:26-Féierung aus Siicht vun den Escher geschoss huet, déi d'Haushären net méi opgeholl kruten.

Um Sonndeg ass de Match tëschent Miersch a Red Boys Déifferdeng wéinst ze ville Corona-Fäll ofgesot ginn.

Spillplang Hären

Relegatioun

Relegatioun Hären

Dammenhandball

Titelgrupp

Um Sonndeg huet sech den HB Käerjeng mat 23:13 beim HB Museldall duerchgesat. D'Heemekipp hat e gudde Start erwescht a konnt 3:0 a Féierung goen. Dono sinn d'Gäscht awer besser an de Match komm a hun de Match gedréint. An der Paus stoung et 12:6 fir Käerjeng. Nom Säitewiessel  hunn d'Gäscht weider Drock gemaach, soudass si um eng verdéngten a kloer Victoire feiere konnten.

Den HB Esch hat um Samschdeg wéi erwaart keng Chance géint den HB Dideleng. 17:29 huet et um Enn geheescht, schonn an der Paus war de Match beim Stand vun 9:14 sou gutt wéi entscheet. Duerch dës Victoire setzt Diddeleng den Tabelleleader HB Käerjeng ënner Drock, deen e Sonndeg beim HB Museldall spillt.

An der zweeter Partie vum Owend gouf et dunn nach zu Dikrech en däitleche 27:16-Succès fir d'Damme vun Déifferdeng. Och hei war de Match schonn no 30 Minutten decidéiert, well d'Red Boys mat enger Féierung vun 10 Goler (15:5) an d'Halbzeit gaange waren.

Spillplang Dammen

Relegatioun

Relegatioun Dammen