Handball
Esch setzt sech un d'Tabellespëtzt

© Archiv
E Mëttwoch den Owend huet Esch wéi erwaart kloer géint Miersch gewonnen.
E Mëttwoch den Owend huet an engem Nodrosmatch fir de Kont vum 1. Spilldag am Titel-Playoff an der Axa League am Handball Esch souverän mat 41:22 géint Miersch gewonnen. Duerch dës Victoire steet Esch elo un der Tabellespëtzt. Dat mat engem Punkt méi wéi d'Red Boys, déi awer ee Match manner gespillt hunn.
Da war e Mëttwoch och nach e Match vum 3. Spilldag. Hei huet sech Bierchem an engem enke Match mat 29:27 zu Käerjeng duerchgesat. Duerch dëse Succès bleift Bierchem an der Tabell un Diddeleng drun.
Spillplang Hären
Am meeschte gelies