E Freideg den Owend stoungen d'Halleffinalle vun der Coupe am Härevolleyball um Programm.

E Freideg am fréien Owend hunn déi Stroossener sech mat engem souveränen 3:0 (25:8, 25:10, 25:11) an de Sätz géint Biissen aus der 2. Divisioun duerchgesat a sech domadder den Ticket fir d'Finall vun der Coupe de Luxembourg geséchert.

An der 2. Halleffinall stounge sech vun 20.30 Auer un Dikrech a Bartreng géintiwwer. An dës Partie war bis zum Schluss ganz serréiert. Eréischt am decisive 5. Saz ass d'Decisioun gefall an do huet sech Bartreng mat 15:12 behaapt a sech esou de Match mat 3:2 (24:26, 18:25, 25:19, 25:22, 15:12) an de Sätz geséchert. Dikrech louch mat 2:0 an de Sätz vir, ier déi Bartrenger de Match gedréint hunn.

D'Finall gëtt e Samschdeg um 19.30 Auer zu Luerenzweiler gespillt. Um 17 Auer ass et schonn un den Dammen. Hei sti sech Mamer a Walfer géintiwwer. D'Partië ginn op RTL.lu live iwwerdroen.

Den Iwwerbléck vun de Resultater an der Coupe de Luxembourg