Walfer a Mamer stinn an der Finall vun der Coupe

© Marc Burelbach
En Donneschdeg den Owend stoungen d'Halleffinalle vun der Coupe am Dammevolleyball um Programm.
An der éischter Halleffinall stounge sech Mamer a Péiteng géigeniwwer. Nodeems Mamer eréischt rezent seng Hoffnungen op de Championstitel huet misse begruewen, wollt een elo an der Coupe voll ugräifen. An no engem éischter enken éischte Saz huet Mamer sech awer kloer mat 3:0 an de Sätz géint Péiteng duerchgesat a steet domat an der Finall vun der Coupe bei den Dammen.
Den zweete Match war méi knapps an awer nach war d'Resultat däitlech. Walfer klappt d'Gym um Enn mat 3:1 an ofgesi vum zweete Saz, huet Walfer de Match komplett dominéiert.
Domat wäerte sech Mamer a Walfer an der Finall géintiwwer stoen. D'Finall ass e Samschdeg um 17 Auer zu Luerenzweiler.