Si wanne mat 36:29 géint Red Boys. Diddeleng gewënnt bei den Damme géint Käerjeng. Domat ass et erëm richteg spannend em de Kampf ëm de Championstitel.

E Samschdeg den Owend war am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Hären de Spëtzematch tëscht Déifferdeng an dem HB Esch. Um Enn konnte sech déi Escher relativ däitlech mat 36:29 géint Red Boys behaapten. Bierchem klappt Diddeleng a Käerjeng ka sech géint Miersch duerchsetzen.

Bei den Dammen huet Käerjeng d'Virentscheedung verpasst, dat well de Spëtzematch bei Diddeleng verluer gaangen ass.

Härenhandball

Titelgrupp

D'Spectateure goufe beim Spëtzematch vum Samschdegowend tëscht de Red Boys an dem HB Esch net enttäuscht. De bessere Start an de Match haten d'Gäscht, déi schnell mat 4:1 no 6 Minutten a Féierung louchen. De Ognjen Jokic huet Déifferdeng wuel op 10:13 erubruecht, richteg verkierze sollte si de Réckstand awer net. An der Paus louchen d'Red Boys mat 13:18 a Réckstand. Nom Säitewiessel hunn Scheid a Co. et nach emol versicht, méi no wéi 3 Goler sollten si awer net méi un den HB Esch erukommen, déi deemno mat 36:29 op Déifferdeng gewanne ginn.

HC Bierchem géint HB Diddeleng huet deen zweete Match um Samschdeg den Owend geheescht. Ënnert dem Impuls vum Bierchemer Christo Tsatso ass Bierchem mat zwee Punkt Avantage an d'Paus gaangen (13:11). An der zweeter Hallschent huet Bierchem weider op den Tempo gedréckt an Diddeleng huet kee Wee fonnt, fir Defense aus dem Réiserbann ze knacken. Bierchem wennt um Enn kloer mat 32:23 géint den HB Diddeleng.

Am leschte Match vum Owend ass et fir den HB Käerjeng doheem géint den HB Miersch gaangen. Miersch ass wuel mat 1:0 a Féierung gaangen, ass an der Suite awer quasi dauernd engem Réckstand vun 1-2 Goler hannendrun gelaf. An der Paus louch Miersch deemno mat 17:18 a Réckstand. Och an der zweeter Hallschent ass et hin an hier gaangen, béid Ekippen hu sech näischt geschenkt. Miersch ass an der Schlussphase bis op 1 Gol erukomm, fir e Punkt ass et awer net méi duergaangen. Miersch verléiert zu Käerjeng mat 34:35.  

Spillplang Hären

Relegatioun

Relegatioun Hären

Dammenhandball

Titelgrupp

Diddeleng, aktuellen zweeten an der Tabell, krut Besuch vum Leader aus der Dammen AXA League. Nodeems Diddeleng an der Paus mat 4 Punkten a Féierung louch, ass et Käerjeng net méi gelongen, de Match nach ze dréinen. An esou gewënnt Diddeleng géint Käerjeng mat 23:18 (11:7) an de Championnat ass nees lancéiert tëscht deene béid Ekippen em de Kampf em de Champions-Titel.

RTL

© Serge Olmo

Am Tabellekeller huet Dikrech géint Esch gespillt. An hei konnt sech um Enn d'Lokalekipp däitlech mat 35:21 (18:8) duerchsetzen.

Damme vum Red Boys Déifferdeng hunn doheem géint den HB Museldall mat 19:22 de Kierzere gezunn. An der Paus louch Déifferdeng nach mat 9:8 a Féierung.

Spillplang Dammen

Relegatioun

Relegatioun Dammen