Esch klappt Käerjeng a steet am Final 4

© Gilles Tricca / RTL
E Mëttwoch den Owend stoung am Härenhandball nach eng Partie vun de 1/4-Finalle vun der Coupe de Luxembourg um Programm.
An do gouf et eng 36:33-Victoire fir den Handball Esch.
Et ware just 6 Minutte gespillt, do waren déi Escher scho 5 Goler am Avantage an no enger Véierelsstonn stoung et scho 5:12 aus der Vue vu Käerjeng. Et hat ee gefaart, d'Partie wier scho gelaf, mee lues a lues huet Käerjeng säi Retard opgeholl, fir an der Paus just 16:18 hannen ze leien.
No 40 Minutte war d'Partie nees spannend. Käerjeng ass op 1 Gol erukomm. Esch hat Schwieregkeeten an der Defense an dat well Käerjeng dauernd mat 7 Feldspiller am Ugrëff aktiv war.
Käerjeng war no drun, d'Partie ze dréinen, mee an engem kruziale Moment hunn Decisioune vum Arbitter-Duo hinne wéigedoen. Um Enn konnt sech Esch mat 36:33 géint déi Käerjenger duerchsetzen.
Am Final Four heeschen d'Partien elo bei den Hären Bierchem - Red Boys an HB Diddeleng - Handball Esch. Gespillt gëtt Enn Mee.