Lëtzebuerg an enger Grupp mat Portugal, Nordmazedonien an der Tierkei

En Donneschdeg den Owend um 18 Auer war zu Berlin den Tirage vun der Qualifikatiounsronn am Handball fir d'Euro 2024 an Däitschland.
D'Lëtzebuerger waren do nogeréckelt, nodeems Russland a Belarus gespaart goufen. Am Ganze ginn et 8 Gruppe mat allkéiers 4 Ekippen.
Grupp 1: Lëtzebuerg, Tierkei, Portugal, Nordmazedonien
Grupp 2: Finnland, Slowakei, Norwegen, Serbien
Grupp 3: Estland, Israel, Island, Tschechien
Grupp 4: Färöer Inselen, Rumänien, Éisträich, Ukrain
Grupp 5: Belsch, Griicheland, Kroatien, Holland
Grupp 6: Georgien, Litauen, Ungarn, Schwäiz
Grupp 7: Kosovo, Bosnien-Herzegowina, Slowenien, Montenegro
Grupp 8: Italien, Lettland, Frankräich, Polen
Gespillt ginn am Ganze 6 Tier, dat den 12. an 13. Oktober 2022, de 15. a 16. Oktober 2022, den 8. an 9. Mäerz 2023, den 11. an 12. Mäerz 2023. de 26. a 27. Abrëll 2023 a schlussendlech de leschten Tour den 30. Abrëll 2023.
"Eng Auslousung ass kee Wonschconcert"
Lëtzebuerg ass jo an dës Qualifikatioun nogerutscht, nodeems Russland a Wäissrussland wéinst dem Krich an der Ukrain vun der europäescher Handballfederatioun aus der Kompetitioun geholl goufen.
Eng Auslousung ass kee Wonschconcert an dach hätt sech de Tommy Wirtz Kapitän vun der Lëtzebuerger Handballnationalequipe deen een oder aneren Toppgéigner gewënscht: Awer och just well mer scho géint Portugal gespillt hunn, viru kuerzem. Do muss een zouginn, datt ee géint Géigner wéi Norwegen, Kroatien Frankräich, Island, do hätt ech elo léiwer gespillt .
Vum Numm hir ginn et sécherlech méi attraktiv Géigner. Am Grupp vun de Lëtzebuerger gehéieren awer Portugal an Nordmazedonien zu der europäescher Elite, seet de fréiere Profi aus der zweeter Däitscher Bundesliga:
Mir hu gesinn, déi sinn effektiv eng Liga driwwer. Do hu mer net esou vill Chancen. Géint Mazedonien hu mer nach ni gespillt, ech kenne se awer vun der EM, WM wou se gutt Leeschtung bréngen.
Géint den drëtte Géigner, d'Tierkei, hunn den Tommy Wirtz an seng Matspiller e kloert Zil:
Géint d'Tierkei wëlle mer gewannen.
D'Qualifikatioun fänkt am Oktober un, geet iwwer 6 Spilldeeg an ass dann am Abrëll d'nächst Joer fäerdeg. Dann ass gewosst, wien an zwee Joer bei der Europameeschterschaft an Däitschland dobäi ass.