D'Coralyne a Ludivine Mauvet päifen an der ieweschter Divisioun bei de Männer.

Zënter 2020 ass de  Mount Mäerz  vun den UN als « gender equality month «  ausgeruff ginn. Déi international Handball Federatioun hat all hir Memberen opgeruff, fir am Mäerz verstäerkt ze weisen, dass d’Fraen am Handball hier gläichberechtegt Plaz hunn. Eng Handball-Welt fräi vu Virurteeler, Stereotyppen an Diskriminatioun fir all Geschlechter soll promovéiert ginn.

D'Lëtzebuerger Handball Federatioun weist dat beispillhaft doduerch, dass Matcher aus der ieweschter Divisioun bei den Häre vun Dammen arbitréiert ginn. D'Coralyne a Ludivine Mauvet sinn zwou franséisch Schwësteren, déi den Handball op Lëtzebuerg bruecht hunn. Di eng spillt hei am Land Handball. Déi zwee arbitréieren zesummen um héchste Niveau.

Dobäi ass et  net onbedéngt komplizéiert, sech an enger Männerdomaine Respekt ze verschafen. Hei zu Lëtzebuerg Fouss ze faasse war och net weider schwéier. Well d’Coralyne zu Lëtzebuerg Handball spillt, koum et awer net a Fro fir Dammematcher ze päifen. Dat verhënnert awer net dass een e gewëssen Niveau am Arbitrage muss hunn, egal ob bei den Dammen oder bei den Hären. Dobäi gëtt et awer natierlech och Männerreflexer. Trotzdeem loossen si sech vun hirem Wee net ofbréngen, well se och international Ambitiounen hunn.