Esch setzt sech kloer zu Miersch duerch

© AFP
Um Samschdeg hat sech Bierchem a leschter Sekonn géint Déifferdeng duerchgesat an Diddeleng hat sech ouni Problemer géint Käerjeng behaapt.
Um Samschdeg den Owend war am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Hären de Spëtzematch tëschent Bierchem an Déifferdeng. Bierchem huet sech doheem ganz knapp duerchgesat.
Bei den Damme hunn Diddeleng a Käerjeng gewonnen. De Kampf ëm de Championstitel bleift domadder weiderhi spannend.
Härenhandball
Titelgrupp
E Sonndeg huet sech den HB Esch kloer mat 27:44 zu Miersch duerchgesat. Déi Escher hu vun Ufank un d'Kontroll vum Match iwwerholl an hunn de Mierscher keng Chance gelooss an de Match ze kommen. An der Paus louch Esch scho mat 13 Goler vir. An der zweeter Hallschent hunn déi Escher am Ufank hire Virsprong verwalt an zum Schluss nach op 17 Goler ausgebaut. Mat dëser Victoire huet Esch elo 5 Punkte Virsprong op den Tabellenzweeten Red Boys Déifferdeng.
Zu Bierchem huet d'Red Boys Déifferdeng missen en Dämpfer an der Lutte ëm den Titel astiechen. Um Enn gouf et eng ganz knapp 29:30-Defaite. Et war eng Partie wou sech a kenger Phas eng Ekipp konnt en entscheedende Virsprong erausspillen. D'Gäscht si besser an de Match komm, mee bis zur Paus konnt Bierchem de Match dréinen (18:16). Nom Säitewiessel ass Déifferdeng awer nees besser an de Match komm a beim 25:25 no ronn 47 Minutten hunn d'Gäscht de Match ausgeglach. An der spannender Schlussphas ass d'Féierung e puer mol hin an hir gaangen. An der leschter Minutt stoung et 29:29 gläich, éier de Yann Hoffmann mat engem 7 Meter fir d'Entscheedung gesuergt huet.
An der zweeter Partie huet sech den HB Diddeleng däitlech mat 38:33 zu Käerjeng behaapt. An der Paus waren déi Diddelenger beim 19:17 just mat 2 Goler vir. An der 2. Hallschent hunn d'Gäscht mat 5 Goler um Stéck hire Virsprong ausgebaut. Vun dësem Laf huet sech d'Heemekipp net méi richteg erholl. Si hunn an der Schlussphas d'Gäscht missen dovun zéie loossen.
Spillplang Hären
Relegatioun
Um Samschdeg hat sech Dikrech doheem kloer mat 36:20 géint Rëmeleng behaapt a Schëffleng huet sech mat 32:26 zu Péiteng duerchgesat.
Relegatioun Hären
Dammenhandball
Titelgrupp
Den Tabellenéischten HB Diddeleng hat keng Problemer fir 26:18 bei der Red Boys Déifferdeng ze gewannen. D'Gäscht hate gutt an de Match fonnt, mee d'Red Boys hate sech no 17 Minutten op 6:6 erugekämpft. Virun der Paus huet den HBD den Tempo erhéicht an huet de Virsprong bis zur Paus op 14:8 ausgebaut. An der 2. Hallschent ass et weider monter Hin an Hir gaangen an d'Gäscht konnte sech ëmmer weider ofsetzen. Um Enn gouf et eng vedéngte Victoire fir Diddeleng.
Den HB Esch huet doheem däitlech mat 20:37 géint Käerjeng verluer. An der Paus haten d'Gäscht beim 19:9 schonn 10 Goler Virsprong. Nom Säitewiessel ass et weidergaangen an d'Heemekipp hat géint de Favoritt bis zum Schluss näischt dogéint ze setzen.
Am drëtte Match huet sech de Chev Dikrech mat 27:24 géint den HB Museldall duerchgesat. An der Paus war d'Heemekipp mat 13:11 vir.
Spillplang Dammen
Relegatioun
Um Sonndeg hat Miersch den HC Réiden op Besuch a konnt sech an der leschter Minutt mat 22:21 behaapten.
E Samschdeg hat de Standard mat 26:18 géint Schëffleng duerchgesat.