E Samschdeg konnt sech den HC Bierchem am Titel-Playoff an enger enker Partie mat 30:29 géint den Tabellenzweete Red Boys Déifferdeng behaapten.

No enger bësse manner gudder Phas kuerz virun dem Playoff leeft et elo awer nees richteg gutt. Mee u wat läit dat?

Gudde Laf vum HC Bierchem / Reportage Sam Rickal

Zanter 5 Matcher huet den HC Bierchem net méi verluer. Eng Serie, déi weist, datt déi richteg Konsequenzen aus der manner gudder Phas gezu gi sinn. Fir de Bierchemer Spiller an Handballnationalspiller Lé Biel war den Austausch mat den Traineren an de Retour vum Raphael Guden immens wichteg fir hire momentane Succès.

"Mir hunn eis och mat den Traineren zesummegesat. Déi ganz Ekipp huet sech bëssen  hannerfrot, wat musse mir änneren, fir datt et rëm rullt. Natierlech ass de Raphael Guden een top Transfert, dee rëm zeréck bei den HC Bierchem komm ass, wou hien och ugefaangen huet. Ee Spiller méi, deen einfach Leeschtung bréngt. Ech mengen et ass och wichteg fir d’Ekipp, well mir awer een Transfert an der Wanterpaus gebraucht hunn, fir weider uewe matspillen ze kënnen."

Déi gutt Phas huet sech och beim knappe Succès géint d’Red Boys gewisen. E Match bei deem d’Viraussetzungen ënnert der Woch alles anescht wéi gutt waren.

"E Samschdeg war et e ganz schwierege Match. Mir hate vill Pech dës Woch. De Christos Tsatsos an ech ware krank. An de Raphael Guden huet sech an deene leschten 10 Minutte vum Training verletzt. Mir hunn eis Taktik un déi Spiller ugepasst, déi mir haten. Dat huet ganz gutt geklappt. An dunn hunn mir mat e bësse Chance och gewonnen."

Zesumme mam Ben Weyer bleift de Lé Biel fir e weidert Joer zu Bierchem. Dofir hu sech déi béid Nationalspiller zesumme mat hirer Ekipp och héich Ziler fir de Rescht vun der Saison gesat.

"Eist Zil ass ganz kloer an dat hu mer mat der Ekipp och geschwat, mir wëllen d’Coupe gewannen. Mir wëlle se verdeedegen. Fir am Championnat, do muss ee lo kucken. Mir si lo Drëtten, dat ass schonn eng gutt Positioun. Mee wann een do eventuell déi 2. Plaz ka kréien, wisou net."

Ier et dann am Mee an der Halleffinall vun der Coupe de Luxembourg géint d’Red Boys geet, steet a ronn dräi Wochen de Match auswäerts géint den Handball Esch virun der Dier. An do trëfft de Lé Biel op säin eelere Brudder Tun, deem de Bierchemer Succès géint Déifferdeng sécher gefall wäert hunn.

Den 23. Abrëll geet et da weider an den Handball-Playoffen. Mat ënner anerem de Partien Diddeleng géint Miersch an Déifferdeng géint Käerjeng.