Den 29 Joer ale Mann ass zanter 25 Joer am Handball aktiv. Hie spillt selwer an enger Ekipp an trainéiert gläichzäiteg jonk Meedercher am U17-Championnat.

Diddeleng ass seng Heemecht a säi Veräin ass den HBD. Mat sengen 29 Joer spillt de Mikel nach 1.Ekipp. Zanter Kuerzem ass hien awer och Trainer bei de Meedercher. Hei zu Lëtzebuerg spille si am U17-Championnat. D'Ekipp besteet aus 14 Meedercher an hunn tëscht 14 a 15 Joer. Dei meescht sinn am Sportlycée an hunn also all Dag mat Handball ze dinn. Zu Diddeleng trainéieren si 2 Mol d'Woch. Hiren Trainer, de Mikel Molitor, wëll hinnen de Spaass um Handball vermëttelen a seng Erfarunge weiderginn.

RTL

De Mikel ass vu Beruff Educateur. Hie schafft an der Maison Relais Waldschoul zu Diddeleng an huet 29 Joer. No senger aktiver Karriär als Handballspiller wëll hien als Trainer weiderschaffen. Dofir muss den Diddelenger de B a C-Schäi maachen.

Och am franséischen U16-Championnat spillt de Mikel mat senger Ekipp. Si hunn nach kee Match verluer. Rezent hunn si doheem géint "Deux Vallée" gespillt. Et war eng serréiert Partie. De Géigner huet alles vun den Diddelenger ofverlaangt. Um Enn stoung et 22:22. Fir hiren Trainer waren et laang Minutten. Op der Säitelinn fënnt hie keng Rou. De Mikel ass wärend dem Match vill op an of gelaf.

De Mikel Molitor an den Handball. Eng Léift, déi scho laang unhält. An houfreg ass den Trainer op seng Ekipp.