Déi Déifferdenger hunn zu Miersch keen Zweiwel dru gelooss, wien de Favorit an dëser Partie war.

Knapp 6 Minutte konnten déi Mierscher mathalen, nom Stand vu 4:4 hunn déi Déifferdenger séier en Avantage vun 3 Goler erausgespillt an dee lues a lues ausgebaut. No enger Véierelsstonn war de Favorit an dësem Match schonn 12:8 vir an dono ass et richteg batter fir déi Mierscher ginn. An de anere 15 Minutte virun der Paus hu si just nach 2 Goler geschoss an hunn der nach 11 kasséiert, esou datt et mat 10:23 an d'Paus goung.

Och nom Säitewiessel ass den Ecart ëmmer weider eropgaangen. No 45 Minutten haten déi Déifferdenger e Virsprong vu 17 Goler, beim Stand vun 16:33. Si konnten an de leschte Minutten hire Score esouguer nach erhéijen esou datt déi Déifferdenger ouni gréisser Problemer mat 45:24 gewannen.