E Freideg an e Samschdeg trëfft déi lëtzebuergesch Dammen-Handballnationalekipp zu Diddeleng an zwee Testmatcher op Italien.

An den nächsten zwee Deeg spillt d'Dammen-Handballnationalekipp zwee Testmatcher géint Italien. Déi si virun allem geduecht, fir de Kompetitiounsrhythmus bäizebehalen. Deen ass wichteg. Virun allem, wann ee weess, datt een an Zukunft nach méi an den Dammenhandball wëll investéieren an awer an den nächste Méint keng Qualifikatiounsmatcher fir d'FLH-Dammen um Programm stinn.

21/04/2022 Virschau Handball 18.30 Simon

Zanter e Méindeg preparéiert d'FLH-Selektioun déi zwee Matcher an zanter en Donneschdeg ass d'Ekipp ronderëm d'Kapitänin Tina Welter och zesummen am Hotel, fir sech esou gutt wéi méiglech op déi zwee Matcher virzebereeden.

"Ech denken, datt d'Virbereedung gutt ass! Jiddereen ass gutt drop, dat gesäit een och am Championnat. Déi individuell Stäerkten, déi mir hunn, musse mir mat an déi zwee Matcher huelen", weist sech d'Tina Welter optimistesch.

Nieft den normalen Traininge goufen awer och nach Videoanalyse vun der italienescher Ekipp gemaach.

"Mir hunn am Video gesinn, datt si gutt a grouss Spillerinnen hunn. Si hunn ee Réckraum, dee relativ vill op de Gol schéisst. Si stelle sech net vill Froen, mee huele sech de Ball a gi schéissen. Do ass et wichteg, datt mir an der Defense gutt stinn",  sou d'Kapitänin.

Fir Tina Welter ass et kloer, datt een an deenen zwee Matcher géint Italien ee positiivt Resultat wëll maachen.

"Ech mengen, dat ass ëmmer de But vun enger Handballspillerin. Egal wat fir ee Match et ass. Mir si motivéiert an ech denken, datt si eis net dierfen ënnerschätzen. Mir sinn elo laang als Team zesummen an et kommen ëmmer Neier bäi. Déi si séier integréiert ginn an si hunn och individuell Stäerkten, déi eis gutt dinn an déi eis een anert Spill bréngen. Wa mir alleguerten zesummen halen, an der Defense gutt stinn, vir eis Chancen notzen an ee fir deen anere kämpft, dann ass eppes méiglech", gëtt d'Tina Welter d'Marschrichtung vir.

Den éischte Match ass muer um 19 Auer zu Diddeleng an déi zweete Partie ass e Samschdeg um 16 Auer och nees zu Diddeleng.