Am Handball huet d'Lëtzebuerger Dammennationalekipp e Freideg hiren éischte vun zwee Frëndschaftsmatcher géint Italien gespillt.

D'Rout Léiwinne konnten déi éischt Halbzeit relativ no dru bleiwen. D'Leeschtung war och déi éischt 30 Minutten zu Diddeleng an der Rei.

Nom Säitewiessel konnt d'FLH-Selektioun nach ronn 10 Minutte mathalen, dono hunn d'Spillerinne vum Nationaltrainer Adrian Stot ganz vill Problemer gehat, laanscht déi italienesch Defense ze kommen.

E Samschdeg um 16 Auer spillen d'Lëtzebuergerinnen dann nach emol géint Italien. De Match gëtt nees am Centre Sportif René Hartmann zu Diddeleng gespillt.