Bei den Hären gouf et Victoirë fir Esch a fir d'Red Boys. Och bei den Dammen hu sech am Titelgrupp d'Favoritten duerchgesat.

Handball - De Reportage vum Gilles Tricca

Härenhandball

Titelgrupp

An der Ufanksphas war de Match tëschent dem HB Esch a Käerjeng nach ausgeglach. Bis d'Paus konnten d'Gäscht hir Avance op 18:12 schrauwen. No der Paus konnt d'Heemekipp net méi vill dogéintsetzen, sou dass Esch sech kloer mat 35:25 duerchgesat huet.

Beim 34:24-Succès vun der Red Boys beim HB Diddeleng ass de Gäscht eng gutt 2. Hallschent duergaangen, fir um Enn e kloren Erfolleg ze feieren. Den HBD huet virun der Paus gutt matgehalen a war beim 11:12 just ee Gol hannen. Dono ass d'Heemekipp awer ëmmer méi midd ginn an d'Gäscht hunn opgedréint. Aus engem Gol sinn et der am Endeffekt 10 ginn. D'Red Boys hunn domadder weiderhin ee Punkt Retard op den HB Esch a leien op der 2. Plaz an der Tabell.

Um Freideg hat sech Bierchem zu Miersch mat 42:34 duerchgesat.

Spillplang Hären

Relegatioun

An der Relegatioun huet Rëmeleng zu Péiteng beim 29:29 an de leschten Sekonnen ausgeglach. D'Heemekipp war dobäi phaseweis mat 7 Goler am Avantage. An der Paus stoung et 17:11. Duerch dëst Gläichspill spillt Rëmeleng d'nächst Saison an der AXA League a Péiteng an der Promotioun.

Och am 2. Match gouf et e Remis. Um Enn stoung et tëschent dem Chev Dikrech an dem Standard 26:26 gläich.

Donieft huet Schëffleng 35:28 zu Réiden gewonnen a Bartreng huet sech zu Bieles mat 30:17 behaapt.

Relegatioun Hären

Dammenhandball

Titelgrupp

Den Tabelleleader Diddeleng hat beim 22:11 keng Problemer, fir sech géint de Chev Dikrech duerchzesetzen. De Match huet sech an den 10 Minutte virun der Paus decidéiert, wéi den HBD duerch e 5:0 op 13:5 fortgezunn ass. An der Paus stoung et dunn 13:7. No der Paus huet d'Heemekipp de Virsprong weider ausgebaut, sou dass déi kloer Victoire ni a Gefor war.

Och den éischte Verfolger HB Käerjeng huet sech 22:16 géint d'Red Boys behaapt. Tina Welter a Co. ware vun Ufank u vir an haten an der Paus beim 14:7 en Avantage vu 7 Goler. Dono huet d'Heemekipp dee Virsprong bis zum Schluss vum Match geréiert.

An der 3. Partie gouf et eng knapp 25:23-Victoire fir den HB Museldall géint Esch. An der Paus louch de Score bei 15:14.

Spillplang Dammen

Relegatioun

An der Relegatioun bei den Dammen huet Schëffleng mat 16:19 géint Bieles verluer. D'Heemekipp spillt domadder an der nächster Saison an der Promotioun.

An der zweeter Partie huet sech de Standard mat 36:24 géint Réiden duerchgesat.

Relegatioun Dammen