Meeschterdecisioun bei Dammen an Häre fält um leschte Spilldag

© RTL / Serge Olmo
Um virleschte Spilldag hu sech d'Ekippen, déi bei den Häre wéi bei den Dammen ëm de Championstitel spillen, keng Bléisst ginn. Et bleift spannend.
E Samschdeg den Owend war am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Hären an den Dammen de virleschte Spilldag vum Playoff.
Härenhandball
Titelgrupp
Am Spëtzematch vum virleschte Spilldag setzt sech Esch doheem mat 26:23 géint den HB Diddeleng duerch. No enger Véierelstonn krut den Diddelenger Goalgetter Josip Ilic déi Rout Kaart gewisen, wat de Gäscht guer net entgéint koum. Mee si si bis zur Paus drubliwwen an et ass mat 13:10 an d'Kabinne gaangen. Och nom Säitewiessel war et spannend bliwwen, Diddeleng ass ëmmer erëm erukomm, och well op Escher Säit de Martin Muller disqualifizéiert gouf. Op Diddelenger Säit huet de Szyczkow Verantwortung iwwerholl an huet net manner wéi 6 Goler fir seng Faarwe markéiert, op Escher Säit waren Goler op méi Spiller verdeelt.
D'Red Boys hate méi Krämpes mat de Mierscher wéi erwaart. Bis zur 50. Minutt hunn déi Giel-Blo an der Nidderkuerer Sportshal matgehalen, hunn dunn awer musse lassloossen an Déifferdeng konnt den Ecart bis zum Schluss op 11 Goler vergréisseren. D'Red Boys gewanne schlussendlech mat 39:28 géint den HB Miersch, woumat et nächst Woch zum Showdown ëm de Meeschtertitel tëscht Esch an der Red Boys kënnt. Op der Säit vun den Déifferdenger hunn den Ognjen Jokic mat 14 an den Aldin Zekan mat 9 Goler am beschte markéiert, fir Miersch war den Alexandros Vasilakis mat 10 Goler am treffséchersten.
Bierchem hat beim 32:21 géint Käerjeng keng Probleemer. D'Réiserbänner hunn de Match vun Ufank un diktéiert a loungen an der Paus 14:8 vir. Och an den zweeten 30 Minutten huet d'Heemekipp d'Heft kloer an der Hand gehat a setzt sech um Schluss kloer duerch.
Spillplang Hären
Relegatioun
An der Relegatioun hu Bartreng a Réiden sech 28:20 getrennt, Schëffleng huet Péiteng mat 28:18 geklappt an Dikrech gewënnt mat 27:23 zu Rëmeleng.
De Museldall gewënnt ouni unzetrieden mat 20:0, well de Veräin vu Bieles Forfait ugemellt huet.
Relegatioun Hären
Dammenhandball
Titelgrupp
Am Spëtzematch vum virleschte Spilldag vum Titelgrupp an der AXA-League gouf et eng 18:17-Victoire fir Käerjeng géint de Museldall. D'Ekipp vun der Musel hat ganz gutt an de Match fonnt a louch de Gros vun der Zäit a Féierung. Wat de Match méi laang gedauert huet, koum Käerjeng ëmmer méi no an zur Paus stoung et 8:8 gläich. No der Paus ass de Match zimmlech enk bliwwen an huet sech eréischt an de leschte Sekonnen decidéiert. No enger Käerjenger Auszäit hunn d'Spillerinnen eng flott Aktioun gespillt an d'Emilia Rogucka huet per Kempa den entscheedende Gol markéiert.
Diddeleng hat keng Probleemer mat Esch a gewënnt um Schluss kloer mat 35:13. An der Paus stoung et schonn 18:3 fir d'Heemekipp. Bescht Scorerin waren d'Dea Dautaj an d'Joy Wirtz mat 8 a 7 Goler op der Säit vum HBD. Um leschte Spilldag kënnt et zum Showdown tëscht dem Tabellenéischten Diddeleng an dem Tabellenzweete Käerjeng, wou dann och de Meeschter vun dëser Saison decidéiert gëtt.
Am drëtte Match vum Owend hu sech d'Damme vun Déifferdeng géint de Chev Dikrech28:19 behaapt. D'Red Boys haten de Match vun Ufank un am Grëff an hunn hir Féierung kontinuéierlech ausgebaut. Bescht Buteurinne waren d'Lola Scheuren fir d'Red Boys (10 Goler) an d'Adriana Holhos beim Chev Dikrech
Spillplang Dammen
Relegatioun
An der Relegatioun setzt sech de Standard mat 24:19 zu Bieles duerch a Schëffleng gewënnt 20:0 duerch de Forfait vu Miersch.