Aus privaten a beruffleche Grënn wäert den Dejan Gajic déi Réiserbänner déi nächst Saison net méi trainéieren.

An der Axa League am Handball iwwerhëlt fir déi nächst Saison de Marko Stupar d'Roll vum Trainer beim HC Bierchem. Hie war bis ewell de Co-Trainer vum Dejan Gajic.

E Samschdeg den Owend krut den Dejan Gajic beim leschten Heemmatch vun de Réiserbänner offiziell Äddi gesot. Déi nächst Saison steet och den Dany Scholten der Ekipp net méi zur Verfügung. Hie geet am Summer fir e Joer op Weltrees.