
© Serge Olmo
Mat enger souveräner Leeschtung an den zweeten 30 Minutte gewënnt Käerjeng nom Championstitel och d'Coupe a séchert sech domadder den Doublé.
An der Finall sinn déi zwou bescht Ekippen vun der Saison openeengetraff, déi och de Championstitel ënnert sech ausgemaach hunn. An den éischte Minutten konnt sech Käerjeng e Virsprong vu 5 Goler erausspillen, mee Diddeleng ass nees zeréck an de Match komm, huet de Réckstand nees opgeholl, sou datt et mat engem 11:11 an d'Paus gaangen ass.
Käerjeng ass awer vill besser aus der Paus komm a war séier nees däitlech mat 18:11 a Féierung. Dëse Réckstand konnt Diddeleng dann och net méi ophuelen, Käerjeng huet de Match souverän bis op en Enn gespillt a gewënnt däitlech mat 27:20.