An der Finall kann sech d’Ekipp vum Alexandre Luthardt mat 3:2 géint Mamer duerchsetzen an ass domat den alen an neie Coupegewënner bei den Dammen.

E Freideg den Owend gouf zu Hesper d’Coupe-Finall am Dammefuttball gespillt. An enger animéierter Partie konnt sech um Enn de Racing mat 3:2 géint Mamer duerchsetzen. Domadder huet de Racing den Doublé an dëser Saison perfekt gemaach.

An der éischter Hallschent war de Racing spillbestëmmend, mee huet laang op déi richteg gutt Golgeleeënheet misse waarden. No ronn 30 Minutten hat d’Ekipp vum Alexandre Luthardt dunn eng gutt duebel Chance, allerdéngs ouni déi néideg Reussite. 10 Minutte virun der Paus huet d'Golkippesch vu Mamer Sheila Hoja wéinst enger Noutbrems misse fréizäiteg dusche goen. Well Mamer keen Ersatz op der Bänk hat, huet d’Stiermerin Julia Battisti missen an de Gol goen. Mamer huet och no der Paus gutt verdeedegt a wier duerch dem Stibling säi Schoss vun der Mëttellinn bal a Féierung gaangen. De Potto stoung awer am Wee. De Racing huet weider gedréckt a konnt an der 65. Spillminutt duerch d'Kimberly Dos Santos de Score op 1:0 setzen. Ronn 10 Minutten duerno konnt d'Karoline Kohr och nach op 2:0 an d’Julie Wojdyla 10 Minutte méi spéit op 3:0 erhéijen. Kuerz viru Schluss konnt Mamer duerch ee Sonndesschoss vum Morgane Stibling nach op 1:3 an duerch d’Jil Kohl op 2:3 verkierzen. Dëst sollt awer näischt um Ausgang vun dësem Match änneren. De Racing huet sech um Enn mat 3:2 behaapt.

Domat kann de Racing seng zweet Coupe an der Veräinsgeschicht bei den Damme feieren.

RTL

© Sam Rickal / RTL