Dëschtennis
Eric Glod a Sarah De Nutte an der Dubbel-Weltranglëscht elo op Plaz 31

© FLTT
No der staarker Leeschtung vum Dubbel Glod/De Nutte zu Lima ass d'Lëtzebuerger Koppel an der Weltranglëscht ëm 83 Plaze geklommen.
RTL-News: Glod an De Nutte verpasse ganz knapp d'Dubbelvictoire zu Lima
Domat si si an der Dubbel-Mixte-Weltranglëscht elo op Plaz 31. Den Dammen-Dubbel Ni Xia Lian a Sarah De Nutte ass weiderhin op Plaz 3 an der Weltranglëscht. Den Eric Glod an d'Sarah De Nutte konnte sech och am Eenzel verbesseren, hei ass de Glod elo op der Plaz 266 an d'De Nutte op der Plaz 59.
Am meeschte gelies