2018 gouf de Veräin gegrënnt. Héichpunkt an der kuerzer Geschicht vum Veräin war d'Erreeche vum Playoff 2021/2022.

Aus dem nationalen Handball ass et d'Nouvelle, datt sech den Handball Bartreng op d'mannst emol fir déi nächst aus dem aktive Spillbetrib zeréckzitt.

Um Enn sinn e puer Grënn zesummekomm, déi zu dëser Decisioun gefouert hunn. Op der enger Säit gëtt et kuerz- a mëttelfristeg keng Méiglechkeet, fir d'Heemmatcher zu Bartreng ze spillen. Och d'Méiglechkeet fir laangfristeg zu Leideleng ze spillen, konnt net garantéiert ginn. Op der anerer Säit war ee mat villen Ofgäng onfrontéiert, esou datt ee keng A-Ekipp fir d'nächst Saison op d'Bee gestallt kritt huet.