De Christian Bock gëtt neie President vum HB Esch

© Val Wagner (Archiv)
Domadder léist de fréieren Escher Handball-Spiller de Jos Theysen of, deen zënter 2016 President vum Veräin aus dem Minett war.
De laangjärege Kapitän vum HB Esch an der Lëtzebuerger Nationalekipp hat seng Kandidatur fir de Poste vum President vum Escher Handballveräi gestallt, déi en Dënschdegowend ugeholl gouf. De 34 Joer ale Lëtzebuerger ass zënter ville Joren ee vun de wichtegsten a bekanntste Spiller vum Escher Handball. Mä och an der Nationalekipp wosst de Lëtzebuerger ëmmer z'iwwerzeegen. An 79 Prestatioune fir d'Rout Léiwe konnt de Christian Bock 203 Goler markéieren.
Nieft dem Christian Bock komplettéieren de Marc Fancelli, de Boris Arendt, d'Fabienne Diederich, de Jo Guedes, de Jorge Matias, de Vincent Nothum, de Patty Schiertz, de Pierre Weidig an de Vic Wirth de Comité vum HB Esch.