Um Mëttwoch an der Mëttesstonn koum e Pressecommuniqué vum Swift Hesper, dass de Maurice Deville bei hinnen e Kontrakt ënnerschriwwen huet.

Hie war bis den 1. Juli beim SV Sandhausen ënner Kontrakt an zanterhier ouni Veräin.

A senger Jugend huet den Deville scho fir Hesper gespillt, éier hien 2007 bei den SC Uckerath gewiesselt ass a vun 2008 bis 2011 bei Alemannia Aachen gespillt huet.

Seng weider Veräiner am Profi-Futtball waren den SV Elversberg, 1. FC Saarbrücken, 1. FC Kaiserslautern, FSV Frankfurt a Waldhof Mannheim.

Elo kënnt en dann zeréck op Hesper. Hien huet e Kontrakt fir véier Joer ënnerschriwwen.