D'Auslousung vun der Coupe war am Kader vum Season Opening vun der Lëtzebuerger Handballfederatioun.

Um Mëttwoch Owend war zu Käerjeng de Season Opening vun der Handballfederatioun, wou deelweis op déi lescht Saison zréckgekuckt gouf, an deementspriechend verschidde Spiller, Spillerinnen an Trainer geéiert goufen.

Als beschten Trainer gouf bei den Dammen den Trainer vu Käerjeng Zoran Radojevic geéiert. Den Danijel Grgic vum Handball Esch gouf als beschten Härentrainer gewielt.

Als bescht Spillerin vun der Saison gouf d'Ex-Bundesligaspillerin an aktuell Käerjengerin Tina Welter gewielt.  Den Aldin Zekan vun de Red Boys krut den Titel vum MVP bei den Hären.

Natierlech gouf och awer och op dës Saison gekuckt zum Beispill mam Tirage vum 1. Tour vun der Coupe, déi de Weekend vum 29. an 30. Oktober gespillt ginn.

Bei den Dammen goufen folgend Dueller gezunn, nodeem eng Partie Ekippen e Fräilous kruten:

HB Miersch - HB Esch
HBC Schëffleng - HC Atert Réiden
HB Bieles - Chev Dikrech

Bei den Häre sinn et 6 Dueller no de verschiddenen Fräilousen:
HB Käerjeng - HC Bierchem
HC Standard - HB Diddeleng
HB Miersch - HB Rëmeleng
HB Museldall - HC Atert Réiden
HB Bieles - HBC Schëffleng
HB Péiteng - Chev Dikrech