E Samschdeg war zu Dummeldeng déi 16. ordinär "Conférence des Présidents" vun der Europäescher Handballfederatioun.

Beim ordinären Deel vum Kongress gouf een allgemenge Point gemaach an och déi finanziell Situatioun gouf beliicht. Hei war de Beachhandball zum Beispill e wichtegt Thema. Beim extraordinären Deel goufen da verschidde Motioune geholl, ënnert anerem och géint d'Genderdiskriminatioun.

Déi Responsabel vun der Lëtzebuerger Federatioun ware mam Verlaf vum Kongress zefridden.

Handball EHF-Kongress / Reportage Franky Hippert
RTL

© EHF