Fir déi éischte Kéier spillt d'FLH-Formatioun an der Haaptqualifikatiounsronn fir eng EM.

Déi Lëtzebuerger Handball-Nationalekipp spillt e Mëttwoch an Nordmazedonien an e Sonndeg heiheem géint Portugal déi zwou éischt Partien am Kader vun der Qualifikatioun fir d'EM 2024. Den éischte Rendez-vous ass e Mëttwoch um 19 Auer zu Skopje.

EM-Qualifikatioun am Handball / Reportage Serge Olmo

An dëser 2. Qualifikatiounsronn geet et deemno direkt géint d'Favoritte vum Grupp 1. Et ass och déi éischte Kéier, datt eng Handballnationalekipp bei enger Haaptqualifikatiounsronn dobäi ass. Géint dës international héich kotéiert Formatioune sinn d'Chancen zimmlech geréng, mä dës Matcher si ganz wichteg fir d'FLH-Selektioun.

Nordmazedonien a Portugal si reegelméisseg bei internationale Meeschterschaften dobäi an et kann een ouni ze iwwerdreiwe soen, datt si an der Theorie eng Nummer ze grouss si fir d'FLH-Selektioun.

Den Escher Martin Muller ass net méi fir d'Nationalekipp disponibel an de Julien Kohn och vun Esch ass net dobäi, well hien de Moment net op sengem Maximum ass. Den Nationaltrainer Nikola Malesevic fänkt emol d'Qualifikatioun mat dem aktuellen 18er-Kader un a ka sech virstellen, datt am Verlaf vun der Qualifikatioun, déi bis den Abrëll dauert, nach Changementer wäerte kommen.

De Nationaltrainer Nikola Malesevic schätzt Nordmazedonien nawell ganz héich an:

Séier, staark, technesch gutt Spiller, déi a groussen europäesche Veräiner aktiv sinn. Spiller, déi d'Halleffinalle vun den europäesche Coupë spillen. Spiller, déi schonn e puer Mol bei Europameeschterschaften a Weltmeeschterschafte gespillt hunn. Donieft hunn ech d'lescht Woch hir Lëscht gesinn, wou och nei jonk Spiller am Kader sinn.

Déi 4. Ekipp vum Grupp ass d'Tierkei an op déi Matcher läit den Haaptfokus. Déi Partië ginn awer eréischt am Mäerz 2023 gespillt.

De Kapitän vun de Roude Léiwen Tommy Wirtz gesäit d'Matcher géint d'Favoritten Nordmazedonien a Portugal als en ideale Moyen, fir am Mäerz top preparéiert ze sinn.

Haaptzil ass, datt mir net an d'Phas 1 zréckfalen, dat heescht mir dierfen net 4. ginn am Grupp mat 0 Punkten. Mir musse scho probéieren, 3. ze gi mat esou vill wéi méiglech Punkten. Et si verschidde Méiglechkeeten do vun de Qualifikatiounen hier. All Gol zielt.

Wann d'Lëtzebuerger op hirem Maximum spillen, da kann ee sech awer eng ganz gutt Géigewier géint d'Favoritte vum Grupp erwaarden.

Schreiwes vun der FLH

EHF EURO 2024 QUALIFIERS PHASE 2
rencontres du mois d'octobre 2022Mesdames, Messieurs,

Ce matin notre équipe nationale masculine s'est envolé pour la Macédoine du Nord (ou elle vient d'ailleurs déjà d'atterrir). Demain mercredi 12 octobre 2022 à 19:00 heures aura lieu la première rencontre de notre équipe dans le cadre des EHF EURO2024 Qualifiers 2 contre l'équipe locale.

La délégation se compose de l'entraineur Nikola Malesevic, encadré par son staff technique (Alex Scheubel (assistant) et de Rajko Milosevic (entraineur gardiens)) et de son staff médical (Dr. Christophe Schiffer (médecin) et Jimmy Hoffmann (kiné)). La délégation est dirigée par Sacha André (team-manager) et par Maik Handschke (Directeur technique).

Les 18 joueurs qui font parti de la délégation, sont les suivants :

Poste Nom Prénom Club
GB HERRMAN Mika HB Dudelange
AUGER Chris Red Boys
MEYERS Scott HC Berchem
ALG WIRTZ Tommy HB Dudelange
WERDEL Felix Sarrebourg MSH
ARR HOFFMANN Yann HC Berchem
RASTODER Adel HG Saarlouis
GUDEN Raphael HC Berchem
BIEL Lé HC Berchem
TIRONZELLI Jacques Handball Esch
ILIC Josip HB Dudelange
KAYSEN Loïc HSG Krefeld Niederrhein
SCHUSTER Joé Northeimer HC
ALD SCHEID Daniel Red Boys
KRIER Tom Handball Esch
PIV WEYER Ben HC Berchem
TRIVIC Milasin Handball Käerjeng
TOMASSINI Luca Handball Esch

La rencontre de demain soir sera retransmis en direct sur HandballTV (télévision ApartTV et sur internet).