Dikrech a Réiden stinn an der 1/4-Finall

© AFP (Archiv)
De CHEV huet sech ouni Problemer beim HB Bieles duerchgesat. Réiden huet knapp beim HBC Schëffleng gewonnen.
Um Samschdeg stoungen an der Coupe am Dammenhandball zwou Aachtelsfinallen um Programm.
Dikrech huet sech ouni Problemer mat 28:9 beim HB Bieles behaapt. D'Gäscht ware séier mat 5:0 vir, éier d'Heemekipp 3 Goler markéiert huet. De CHEV huet an der Suite awer bis zur Paus op 14:3 erhéicht. Och an der 2. Hallschent hat Dikrech d'Partie am Grëff an huet sech um Enn souverän fir d'Véierelsfinalle qualifizéiert.
Bei der Partie tëschent Ekippen aus der Promotioun huet sech den HBC Schëffleng knapp mat 24:26 misse géint Réiden geschloe ginn. Et war eng serréiert 1. Hallschent an där et hin an hir gaangen ass. An de leschte Minutte virun der Paus konnt sech Réiden beim 14:12 eng kleng Avance erausspillen. Och nom Säitewiessel ass Schëffleng drubliwwen a beim Stand vun 20:20 ass et an déi lescht 12 Minutte gaangen. An der leschter Minutt war d'Spannung beim 24:24 um Héichpunkt. Réiden hat méi a laangen Otem an huet sech mat 2 Goler an déi nächst Ronn gerett.