Käerjeng gewënnt Spëtzematch zu Diddeleng

© RTL / Gilles Tricca
Bei den Häre gouf et um Samschdeg kloer Victoirë fir d'Favoritten, wärend et bei den Damme vill enk Partië waren.
Bei den Häre stoung de fënnefte Spilldag um Programm a bei den Damme war et de 7. Spilldag.
Axa League Hären
Den aktuelle Leader Käerjeng hat keng Probleemer mat der Esperance Rëmeleng a gewënnt um Enn kloer mat 32:22. Den HBK bleift domat Tabellenéischten an ouni Punktverloscht.
Bierchem huet de Standard wärend dem ganze Match op Distanz gehalen a gewënnt mat 34:22. Déi meescht Goler ginn op de Kont vum Bierchemer Philipp Leist, deen eelef Goler markéiere konnt.
Dikrech an Diddeleng trenne sech 27:39. Domat ass den HBD bis op Weideres Drëtten an der Tabell virun der Red Boys Déifferdeng.
Déifferdeng huet sech beim 38:21 zu Schëffleng och keng Bléisst ginn, huet awer nach e Match manner a kann domat nach op Diddeleng opschléissen.
Den zweetplacéierten Handball Esch huet sech um Sonndeg kloer mat 55:24 zu Miersch duerchgesat. An der Paus stoung et schonn 26:10 fir de Favorit.
Spillplang Hären
Axa League Dammen
Am Spëtzematch vum siwente Spilldag sinn den HB Diddeleng an den HB Käerjeng, déi béid virum Match nach kee Punkt ofginn haten, openeen getraff. Um Enn setzt sech Käerjeng mat 19:18 duerch.
Et war den erwaarte Spëtzematch, an deem béid Ekippe sech näischt geschenkt hunn an och kee groussen Ecart erausspille konnten. Käerjeng war wuel besser an de Match komm a louch tëschenzäitlech mat dräi Goler vir, mee den HBD huet sech bis zur Paus erugekämpft. Nom Säitewiessel huet d'Féierung ëmmer gewiesselt an et war d'Lena Kirtz, déi Sekonne viru Schluss den decisive Gol fir Käerjeng markéiere konnt.
Am éischte Match vum Owend huet sech den Handball Esch mat 27:15 géint den HB Museldall duerchgesat; béid Ekippe ware mam selwechte Punktestand an de sechste Spilldag gaangen. No enger Rouder Kaart wéinst dräi Zäitstrofen fir de Museldall um Enn vun der éischter Hallschent, konnten d'Escherinnen nom Säitewiessel den Ecart vergréisseren a sech eng kloer Victoire erausspillen.
Tëscht der Red Boys Déifferdeng an dem Chev Dikrech war et och enk hiergaangen an Déifferdeng gewënnt um Enn mat 25:24. An den éischten 30 Minutte konnt keng Ekipp sech kloer ofsetzen an et goung mat 10:10 an d'Paus. No der Paus louch Dikrech de Gros vun der Zäit vir, awer Déifferdeng konnt an der 55. Minutt d'Féierung iwwerhuelen an de Match um Enn gewannen.
Am Match tëscht dem HB Bieles an dem HC Standard - béid Ekippen hate virun dësem Match nach kee Punkt um Kont - konnt sech den HB Bieles mat 15:13 duerchsetzen.